Facebook Image
Follow Us On Twitter - Image
10. Juli 2017 : Pro Latinitate

Den 10. Juli 2017 sinn erëm déi bescht Latäin-Schüler aus all Lycée vun der Association Pro Latinitate ausgezeechent ginn.
Mir gratuléieren de Laureaten aus dem LHCE:

VIe: Laura Sandulescu, Quentin Dos Santos, Julie Krémer, Tammy Poupart
Ve: Tyana Schartz
IVe: Jelena Lentic
IIIe: Tania Da Cruz Rebelo, David Hammes
Ière: Grazia Bruzzese

 

7 juillet 2017 : Remise des diplômes et Dinner Dance

dd2017

La remise des diplômes aux lauréat(e)s de l'examen de fin d'études secondaires, en présence de Monsieur le Ministre Claude Meisch, suivi du traditionnel "Dinner Dance" aura lieu vendredi, 7 juillet 2017 au théâtre Municipal d'Esch-sur-Alzette, ensuite dans la salle des fêtes du LHCE.

 

6. Juli 2017 : Verdun

D'Klassen III/3.B.C1 an 3.D2 hun am Kader vun hirem Schoulprogramm iwwer den 1. Weltkrich en intressanten Dagesausfluch op Verdun gemaach. Sie waren de "Champ de bataille de Verdun" kucken an hun och en Iwwerbléck iwwer d'"villages martyrs" an der Ëmgéigend kritt. No enger kuerzer Visite vun der flotter Stad Verdun hun sie de "Mémorial de Verdun" souwéi de Militärkierfecht an den "Ossuaire de Douaumont" besichtegt. Um Programm stoungen och visites guidées vun zwee ënnerierdesche Forts wou am 1. Weltkrich Zaldoten gewunnt a gekämpft hun.

View the embedded image gallery online at:
http://www.lhce.lu/index.php/2016-2017#sigProId1062023ccd
 
3. Juli 2017 : Ambassadeur-Schoule vum Europäesche Parlament
 
View the embedded image gallery online at:
http://www.lhce.lu/index.php/2016-2017#sigProId71e1363ff5

Den LHCE ass zanter dem 3. Juli sougenannt "Ambassadeur-Schoule vum Europäesche Parlament".  Dës Auszeechnung éiert Schoulen, déi Aktivitéiten organiséieren, fir de Schüler a Schülerinnen d'Wäerter an d'Fonctionnement vun der EU méi no ze bréngen.
D’Auszeechnung steet fir d’Engagement, dat déi Jonk am Kontext vun der EU gewisen hunn an deem se an hire Lycéeën Workshoppen ronderëm d'Thema vum Europaparlament organiséiert hunn an iwwert de Fonctionnement vun der parlamentarescher Demokratie an Europa opgekläert hunn.

Remise chèque Chrëschtmoart 2016
 
View the embedded image gallery online at:
http://www.lhce.lu/index.php/2016-2017#sigProId98837a8a51

Den 19. Juni 2017 ass an Präsenz vun der Direktioun a Schüler vum LHCE e Chèque an der Héicht vun 2 000 € iwwerreecht ginn.

Et handelt sech bei deem Montant em den Erléis vum traditionellen Chrëschtmoart deen den 20. Dezember 2016 am Lycée stattfonnt huet.

De Chèque huet Madame Cindy Lopes-Bento, eng fréier Schülerin aus dem LHCE, am Numm vun der Association pour le Développement des Communautés Villageoises aus dem Burkina Faso entgéint geholl.

19 et 20 juin 2017 : Les 24 heures de Math

Les élèves de la II/2.B du LHCE, en compagnie de leurs professeurs Mme Leyder Marie-Anne, Mme Schneider Simone et M. Muller Guy, ont participé à un stage de mathématiques à l'auberge de Jeunesse de Luxembourg du 19 au 20 juin. Des activités mathématiques et culturelles ont été proposées aux élèves. Ces activités aident aussi à préparer les élèves aux épreuves orales de l'examen de fin d’études secondaires, de l'université et de la vie professionnelle.

 
View the embedded image gallery online at:
http://www.lhce.lu/index.php/2016-2017#sigProId7b1797ab91
3e Option Sport

E Film réaliséiert vum Här Stéphane Bignoli.

 

LHCE wird FAIRTRADE-SCHULE
 
View the embedded image gallery online at:
http://www.lhce.lu/index.php/2016-2017#sigProId15c8d20653

Am Freitag, den 12. Juni konnte die Direktion des Lycée Hubert Clément im Beisein der Vertreter von Fairtrade Luxemburg, Herrn Jean-Louis Zeien (Präsident) und Frau Valérie Klein, die Fairtrade-Konvention unterschrieben. Schon während des vergangenen Jahres fanden verschiedene Aktivitäten zur Sensibilisierung der Schülerinnen und Schüler für die Problematik des Fairen Handels statt. Nun konnten die Mitglieder der Fairtrade-Gruppe sich bei dieser Gelegenheit über ein erfrischendes Getränk aus fairem Handel freuen.

2. JUNI 2017 : BREISSEL

Den 2. Juni gouf eis 2eC am Kader vum Projet "Ecole ambassadrice du Parlement européen" vum Europadéputéierten, dem Här Charel Goerens, perséinlech op Bréissel invitéiert. Um Programm stoungen d'Visite vum Hemycycle vum Parlament, eng interessant Diskussioun mam Här Goerens an d'Visite vum Parlementarium am Quartier européen.

 
View the embedded image gallery online at:
http://www.lhce.lu/index.php/2016-2017#sigProId8fcdfd1b35
Lübbecke 2017 (Lux.)

Dëst Joer huet de LHCE rem mat hirer Partnerschoul dem Wittekind Gymnasium aus Lübbecke e flotten Austausch am Kader vum Europrojekt organiséiert.
An engem éischte Volet as eis V/5.1. fir puer Deeg op Lübbecke gereest wou sie mat hiren Alterskollegen un engem Online-Zeitungsprojekt geschafft hun.
Niewebäi sinn dann och nach flott Visitten (e.a. Computermuseum,..) gemaach ginn.
Zu Lëtzebuerg gouf da weider um Projet geschafft an e.a. Schengen an d’Héichiewen um Belval besicht. Ausserdeem hun d’Schüler un enger Masterclass mam Pasha Rafiy deelgeholl.

Hei fannt dir och e klenge Video iwwert den Deel zu Lëtzebuerg.

E Film réaliséiert vum Tyana Schartz.

Weider Fotoen an der Galerie.

Examen de fin d'études secondaires

Dates des délibérations de l'examen de fin d'études secondaires (1e session 2017) au LHCE :

 Section B :

lundi, 26 juin de 8h00 à 8h20

 Section C :

lundi, 26 juin de 8h20 à 8h50

 Section D :

mercredi, 28 juin de 9h15 à 10h05

 Section G :

mardi, 27 juin de 8h00 à 8h50