Leschte Freideg huet déi 1. Editioun vum Charity Run LHCE stattfonnt. Vu moies 8:00 bis 14:15 Auer si ronn 850 Schülerinnen a Schüler fir de gudden Zweck gelaf.
Den Erléis geet integral un d’ONG vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, déi den Opbau vun enger Schoul am Süde vum Senegal ënnerstëtzt.
Elo schonns e grousse Merci un all Schülerinnen a Schüler fir déi gelafe Tier, un all Sponsoren an un déi ganz Organisatiounsekipp fir hiren Asaz.
Charity Run 2026
10/06/2026



