D’3e Schüler a Schülerinne vun der 3e Optioun Bénévolat ware schon dat ganzt Schouljoer fläisseg. Fir d’éischt hunn si eng Formatioun « Young leaders » vun der Croix-rouge mat gemaach, da goufe selwer Projet’en op d’Bee gesat. Et gouf fir d’Déierenasyl gesammelt, e Fussballspill (Schüler géint Proffen) mat Tippspill organiséiert, Kuch gebak, selwer gemaache Schocki a Croque-Monsieur verkaf. Och fir d’Ukrain goufe Saache gesammelt, Kuch a Croque-Monsieur an de Pause verkaf fir d’Suen ze spenden.
[folder-gallery fid= »103″ link= »file » orderby= »rml »]