


Vum 23. – 29. Oktober as déi grouss VIC-Konferenz am Lycée Hubert Clément. Ennert dem Titel ‚European Youth: Values, Identity, Culture‘ treffen sech do Schoulen aus ganz Europa.
Vum 23. – 25. Oktober werten Delegatiounen aus Dänemark, Griechenland, Holland, Slowakei, Eisterraich zu Esch sin. D’Schüler werten e.a. e Workshop zum Thema ‚Youth involved in EU matters‘ maachen, kucken sech d’Schuman Ausstellung am Gebai un, presentéieren hiren 3-Generation-Film iwwert Bedeitung vun Europa, kréien weider Informatiounen iwwer Europa a maachen eng Visite zu Schengen.
Vum 25. – 29. Oktober kommen déi weider Partner aus dem Europroject Network ‚Education without frontiers. http://www.europrojectnet.eu/members.html Dee Moment si 17 Schoulen zu Esch vertrueden. Während 3 Deeg werten d’Schüler a kreativen Workshops (Hiphop, Poetry Slam, Dance, Improtheater, Graffiti) déi jeweils eng europäesch Valeur als Thema hun schaffen. Des Weideren maachen sie eng Visite vun den Heischiewen um Belval a gin an de Science Center. Den 28. as déi grouss Closing Ceremony wou d’Schüler hir Arbecht presentéieren.