Den 18. Januar waren d’Schüler vun der 2D1 am Kader vun hirem Instruction Civique Cours an der Chambre des Députés wou sie um Workshop ‘Meng Chamber’ vum Zentrum fir politesch Bildung deelgeholl hun. Moies hun sie a Gruppen iwwert Parteiprogrammen nogeduecht an egen Programmen opgestallt. Am Nomëtteg kruten sie dunn d’Geleenheet an engem flotten Austausch Froen un d’Deputéiert Dan Kersch (LSAP) a Max Hengel (CSV) ze stellen. Zum Ofschloss hun d’Schüler dunn nach an eng Plenarsëtzung vun den Deputéierten eragekuckt.
2eD1 – Visite Chambre des Députés
23/01/2023