Den 5. Februar 2024 war am Lycée Hubert Clément op Initiative vun der Amicale Albert Ungeheuer eng Séance académique zum Undenken un de Massaker vun Sonnenburg (Haut Slonsk a Polen). An der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 si do ënnert anerem 91 jonk lëtzebuerger Réfractairen aus der Wehrmacht vun engem SS-Kommando erschoss ginn.
Amicale Albert Ungeheuer – Séance académique
05/02/2024