Am Kader vum Programm « Chercheurs à l’école » dee vum FNR (Fonds National de la Recherche) organiséiert gëtt, hunn zwee Wëssenschaftler vun der Universitéit Lëtzebuerg op der 1ère G2 hir Aarbecht an der Recherche virgestallt. Den Dr Philipp Sonnleitner, Senior Research Scientist op der Universitéit Lëtzebuerg, huet Psychologie studéiert a schafft am Beräich vun der Entwécklung vu schouleschen Tester um LUCET (Luxembourg Centre for Educational Testing).Den Dr Michel Erpelding, Research Scientist am Droit-Département vun der Universitéit, ass Rechtshistoriker an huet sech op d’Geschicht vum internationale Recht spezialiséiert.