De 26. Februar war de Gerd Klestadt op Visitt am LHCE fir de Schüler iwwert seng Erliefnisser am KZ vu Bergen Belsen ze erzielen. Donieft huet hien och erkläert wéi déi Zäit virum Krich fir hien a seng Famill war an och wéi schwéier et nom Krich war mat deem Erlieften ëmzegoen.
Seit enger Rei Jore geet den Här Klestadt an d’Schoulen an hält och soss Konferenze fir dass dës schlëmm Zäit net soll a Vergiessenheet geroden. Dëst ass ëmsou méi wichteg an eiser haiteger Zäit wou riets-extrem Tendenzen sech nees ëmmer méi an eis Gesellschaft raschläichen. Dem Här Klestadt ass et immens wichteg dass een sou Tendenze bekämpft an dass jiddereen seng Responsabilitéit hëlt an de Courage huet Ongerechtegkeeten ze denoncéieren.
Matt enger Rei Beispiller aus der méi moderner Geschichte weist hien dann och drop hin, dass d’Leit net onbedéngt eppes bäigeléiert hunn nom 2. Weltkrich, mee dass nach ëmmer Leit diskriminéiert ginn an Onmënschleches musse matmaachen.
Dem Här Klestadt e grousse Merci fir säin Engagement !