D’Schüler vun der Optioun Bénévolat vun 3e an 2e/1ère waren um Bazar vun der Croix-rouge an hu bei der « action de la fin de l’année »
matgemaach. Si hu Sue gesammelt, fir Kanner aus finanziell méi schwaache Familljen e Kado ze erméiglechen. Zu Weiler-la-Tour um Second Hand Maart goufe Kannerkleeder fir d’Kannerhaus an eng Flüchtlingsstruktur zu Miersch verkaf. Mir soen hinne villmools Merci fir hiert Engagement!