top of page

Projet Senegal

il y a 12 heures
1 min de lecture

Viru Kuerzem huet de Lycée Hubert Clément e Scheck iwwer 16.250 Euro un d'ONGD „Lëtzebuerger Guiden a Scouten fir eng Welt“ iwwerreecht.


Dës beandrockend Zomm ass am Kader vum Charity Run 2026 gesammelt ginn. D'Schülerinnen a Schüler vum LHCE hunn deen Dag zesumme 5.161 Tier ofgelaf an dobäi eng Gesamtdistanz vun 3.097 Kilometer zeréckgeluecht.


Dank der grousser Generositéit vun hire Parrainë konnt dës wonnerbar Zomm zesummekommen.


Mat dësem Don ënnerstëtzt mir de Bau vun enger Schoul am Süde vum Senegal.

E ganz häerzleche Merci un all Leeferinnen a Leefer, un all Parrainë souwéi un all déi Leit, déi dës flott Solidaritéitsaktioun ënnerstëtzt hunn!



 
 
bottom of page