Sproochennuecht 8. + 9. März 2019

 

Vum 8. op den 9. März 2019 organiséiere mär nees eng Sproochenuecht am LHCE. Do kënnt där a verschidden Atelieren an Aktivitéiten d’Sproochen (lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch) e bëssi anescht erliewe wéi där et villäicht am Schoulalldag gewinnt sidd an ärer Kreativitéit fräie Laf loossen. Détailler kommen no !

Ee Mount am LHCE
View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProId1df478722e
 

Den 21. Januar konnte mir d' Heleen Vlaeyen vum Miniemeninstituut, eiser Partnerschoul aus Leuven an der Belsch, begréissen. Hat wäert di nächst véier Wochen als Gaaschtschülerin bei eis am LHCE verbréngen an hoffentlech vill gutt Souvenire mat heem huelen. Häerzlech Wëllkomm!

Optioun „Karikaturen, Cartoons & Co.“

E Réckbléck op 2018

D’Schüler aus der Optioun „Karikaturen, Cartoons & Co.“ hunn Themen illustréiert, déi si 2018 besonnesch markéiert hunn.

View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProIdc0ac328a9a
16 janvier 2019 : Visite  BGL BNP Paribas
 
View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProIdca33ba9ea8

Le mercredi 16 janvier, les classes de 1 D 1 et 1 G ont assisté à la conférence: "Décryptez l’économie", présentée par Monsieur Yves Nosbusch, Chief Economist de BGL BNP Paribas. Cette conférence a permis aux élèves de mieux comprendre comment leurs connaissances macro-économiques sont utilisées dans le monde professionnel pour analyser la situation économique actuelle et pour faire des prévisions pour l'année à venir.

13. bis 18. Januar 2019 : Classe de neige

Eis 6e Schüler sinn an der  «Classes de neige» zu Flaine.

 logo classe de neige 04
Visite Charles Goerens

Den 17. Dezember war den Lëtzebuerger Europadéputéieren Charles Goerens op d'2G1 komm fir mat hinnen iwwert säin Alldag am Europaparlament souwuel zu Bréissel wéi och zu Stroossbuerg ze schwätzen. Et gouf eng ganz lieweg Diskussioun gefouert bei däer d'Schüler och Aktualitéitssujeten wéi zum Beispill de Brexit an deen ëmmer méi groussen Succès vum Populismus an Europa ugeschwat hun. Den Här Goerens huet och iwwert europäesch Dossieren geschwat fir déi hien responsabel as woubäi him de Verbued vum "Child Marriage" besonnesch um Häerz louch.Duerno gouf awer och iwwert aktuell Lëtzebuerger Themen wéi déi nei Regierung, d'Liberaliséierung vum Cannabis asw. diskutéiert.

View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProId1318cb149d
Niger
View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProIdb27cbb82ba
 

Den 27. November waren Vertrieder vun der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt op Besuch am LHCE. D'Schüler vun 2e sinn iwwert Projeten am Niger informéiert ginn. Dëst Joer geet den Erléis vum Chrëschtmaart un dës Organisatioun.”

Chrëschtmoart am LHCE Dënschdes, den 18. Dezember 2018

View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProId229f2755d9

Catch a smile

D’Optioun Bénévolat vun 3e vum Lycée Hubert Clément vun Esch huet och dëst Joer erëm eng Sammelaktioun fir CATCH A SMILE an d’Liewe geruff. Vill Schüler an Enseignanten hu Wanterkleeder, Hygiensartikelen a Liewensmëttel gespent, di an d’Flüchtlingscampen am Ausland ginn, wou de kale Wanter de Leit d’Liewen nach mi schwéier mécht.

View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProId01ec5db6ee
 
Hockeytournoi

View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProId06a628d356

Concours "Generation Euro"
 
View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProId3bcaafc75a

Trois équipes du LHCE (Dynasty, Rafiki, The Lion Kings) se sont qualifiées pour le deuxième tour du concours "Generation Euro" organisé par la Banque Centrale du Luxembourg en collaboration avec la Banque Centrale Européenne.

En souvenir de notre directeur honoraire,
M. Frunnes Maroldt ( †28.11.2017)

Maroldt F

Training OMB

Du hues dech fir d'Mathésolympiad ageschriwwen?

Wa jo, da komm mat eis trainéieren fir datt eis Equipe och di beschtméiglech Resultater kritt !!!

Mir zielen op dech!

Fir d'Détailer op d'Bild klicken!

View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProIdf6145f3ab4
 
Sports-7e

Eng vun eisen Sports-7e (7.6) beim Seelsprangen

4. - 8. Oktober 2018 : ToMUN
 
View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProId3e6a74e2c2

Vum 4.-8.Oktober huet eng Delegatioun vu Schüler aus dem LHCE um ToMUN 2018 am Liceum Ogólnokształcące im. Mikołaja Kopernika zu Torun a Polen deelgeholl.  Bei dëser MUN (Model United Nations) hun des Weideren Schüler aus Däitschland, Spuenien, Polen, der Slowakei, Finnland, USA, Ungarn an Ukraine matgemaach.  Fir den LHCE woaren d' PEREIRA Laura (2A), LAURES Félix (2G1) an SCHUMMER Lara (2B) mat dobäi.
Si hunn hir jeeweileg Länner a folgenden Comitéen vertrueden:
General Assembly 2: Indonesia
General Assembly 3: Philippines
Security Council: USA

Study@LHCE

Study@LHCE gëtt de Schüler d’Méigelechkeet, anere Schüler Nohëllef ze ginn. Déi méi al Schüler kréien d’Meiglechkeet, hiert Wëssen weiderzeginn an déi jonk Schüler kréien, an deene Fächer, wou se méi schwaach sinn, gehollef.

study lhce

Et kann ee sech dat ganzt Joer iwwer E-mail un des Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. wenden.

Flyer

8 novembre 2018 : Soirée de rencontre 7e

La soirée de rencontre entre les parents et les enseignants des élèves des classes de 7e aura lieu le jeudi, 8 novembre 2018 au Lycée Hubert Clément (2, rue Général Patton) de 18h00 à 21h00 (entretiens individuels selon rendez-vous).

Les inscriptions sont terminées.

8. Oktober 2018 : Peermediation

Den 8. Oktober hunn am Lycée Hubert Clément Peer-Mediateuren an Caochen aus den ganzen Land vum Minister Meisch hiren Zertifikat kritt.

Reportage vun RTL.

8. Oktober 2018 : Teambuilding

D’7.1 war den 8. Oktober am Mariendall. Si sinn Tandem gefuer an hu probéiert nach besser als Grupp respektiv als Team zesummenzewuessen.

Merci den Animateur’en fir hir Aarbecht! Si hu vill iwwert sech bäigeléiert a wäerte probéiere mat RESPEKT zesummen dëst Schouljoer ze erliewen.

 
View the embedded image gallery online at:
https://www.lhce.lu/index.php#sigProId398e761871
Generation €uro Students’ Award 2018-2019

L’édition 2018-2019 du concours scolaire de l’Eurosystème « Generation €uro Students’ Award » a été officiellement lancée jeudi 4 octobre à l’occasion d’une session d’information organisée au lycée ayant remporté l’édition précédente, le Lycée Hubert Clément d'Esch-sur-Alzette.

Communiqué de la BCL.

Math en Jeans

Dir kniwwelt a knobelt gär? Stellt iech z.Bsp. Froen wéivill Panini'sbiller ee muss kaafen fir secher ze sin ee bestëmmten Foussballspiller ze kréien? Ma da kommt bis laanscht an eisen Maths.en.Jeans Schnupperatelier

Dir braucht iech net unzemellen, einfach bis erakommen, ...

Flyer